Workshop “Energie an der Gemeng Biekerech – wou sti mer a wou wëlle mer hin”

Wéini? ¦ Méindes, de 25. Oktober um 20.00 Auer

Wou? ¦ Millescheier – Biekerecherecher Millen

 

Organiséiert vun der Gemeng Biekerech an der Ëmwelt- a Klimakommissioun am Kader vum Klimapakt 2.0.

Am Sachbestandsbericht vum Weltklimarot vum August dësem Jores gëtt beschriwwen, datt de Klimawandel sech méi schnell entwéckelt, wéi virausgesot. Als Klimapakt- a Klimabündnisgemeng si mer eis eiser Verantwortung bewosst an ënnerhuelen schonn säit ville Joren Moossnamen fir d’CO2-Emissiounen lokal ze reduzéieren. An dësem Workshop wëlle mer iech weisen, wat mir als Gemeng fir de Klimaschutz maachen. Virun allem wëlle mer awer mat Iech zesumme kucken, wéi mir an Zukunft nach méi Klimaschutz an eiser Gemeng erreeche kënnen.

Mir freeën eis op Är Iddien!

Umellung bis den 20. Oktober op info@beckerich.lu oder per Telefon um 23 62 21-1 zu de gewinnten Ëffnungszäiten vun der Gemeng.

Receptioun offréiert vun der Gemeng Biekerech um Uschloss vum Workshop.

Dëse Workshop fënnt ënnert dem Regime vum COVID-Check statt.

Dernière modification le 08.10.2021

Des articles de la même catégorie

11.10.2021 ¦ Klimapakt Dag / Journée Pacte Climat

11.10.2021 ¦ Klimapakt Dag / Journée Pacte Climat

Den 11. Oktober war den 9. Klimapakt Dag am Kader vun der éischter Editioun vun der KlimaExpo um Kierchbierg. Obwuel d'Gemeng Biekerech schonns am Oktober 2019 zu Lugano an der Schwäiz fir hiren Re-Audit (84,6%) vum Juli 2019 geéiert gouf, huet d'Zeremonie hei am Land...

lire plus