Aktioun Gielt Band ¦ Action Ruban jaune

Gielt Band – Hei dierft Dir plécken!

Ruban jaune – Ici, la cueillette est autorisée !

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir:

Zerwéiert Iech!

D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem eegene Bongert. All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen asw. op an ënnert de Beem, an de Wisen a laanscht d’Landstroossen. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen, Gebeess oder Kompott kachen, domat baken a nach villes méi.

Mat der Aktioun „Gielt Band“ ruffen de Landwirtschaftsministère an de Syvicol d’Biergerinnen an d’Bierger dozou op, sech op eng flott a nohalteg Manéier géint d’Liewensmëttelverschwendung ze engagéieren.

D’Gemeng Biekerech hëlt un dëser Campagne deel an huet déi entspriechend Uebstbeem mat engem giele Band markéiert. Jiddereen dee well däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch, Uebst vun deene Beem plécken an dat wat drënner läit oprafen.

    Trop bon pour être abandonné donc:

    Servez-vous !

    Les fruits sont plus savoureux lorsqu’on les a cueillis soi-même. Mais ceci n’est autorisé que dans son propre verger. Pourtant, chaque année, des kilos de pommes, de poires et de quetsches pourrissent sur et sous les arbres, dans les prés et le long des routes de campagne. C’est de la nourriture gaspillée. On aurait pu en presser le jus, cuisiner de la confiture ou de la compote, faire de la pâtisserie avec et bien d’autres choses encore.

    À l’aide de cette campagne, le ministère de l’Agriculture, ensemble avec le Syvicol, appelle les citoyens à agir contre le gaspillage alimentaire d’une manière agréable et durable.

    La commune de Beckerich participe à la campagne et marque les arbres fruitiers correspondants d’un ruban jaune. Toute personne qui le souhaite peut cueillir gratuitement les fruits de ces arbres, pour son propre usage.

      Wou stinn déi Beem ? ¦ Où se trouvent les arbres ?

      Déi verschidde Plazen an der Gemeng sinn op der Kaart hei ënnedrënner agedroen. ¦ Les différents lieux dans la commune sont indiqués sur la carte ci-dessous.

      Charte de bonne conduite

      Halt Iech beim Plécke wgl. un déi heite Reegelen:

      • Nëmme Friichte vun engem Bam dee mat engem giele Band markéiert ass, däerfe gepléckt ginn.
      • Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
      • De Bam däerf net beschiedegt ginn.
      • D’Friichte si fir de private Gebrauch geduecht.
      • Huelt nëmme souvill Friichte mat, wéi Dir braucht.
      • Hannerloosst d’Natur sou, wéi der se fonnt hutt.
      • Blockéiert keng Zoufaarten.
      • D’Plécke fält ënnert Är eege Responsabilitéit.
      Charte de bonne conduite

      Lors de la cueillette, respectez les règles suivantes:

      • Seul les fruits sur un arbre marqué à l’aide d’un ruban jaune peuvent être cueillis.
      • Il est interdit de grimper sur l’arbre ou d’utiliser une échelle.
        L’arbre ne doit pas être endommagé.
      • Les fruits sont destinés à l’usage privé.
      • N’emportez que la quantité de fruits dont vous avez besoin.
      • Laissez la nature dans le même état que vous l’avez trouvée.
      • Ne bloquez pas les voies d’accès.
      • La cueillette se fait sous votre propre responsabilité.
      Dernière modification le 07.09.2021

      Des articles de la même catégorie

      Nei Buslinn 591¦Nouvelle ligne de bus 591

      Nei Buslinn 591¦Nouvelle ligne de bus 591

      Nei direkt Busverbindung an d’Stad - Buslinn 904 591   Opgepasst ! Anescht wéi an der Suebelmouk vum Juli annoncéiert, huet déi nei direkt Buslinn an d’Stad d’Nummer 591 an net d’Nummer 904, wéi d’Gemeng ursprénglech vum Transportministère informéiert gi war. Ab dem...

      lire plus
      ŠKODA Tour de Luxembourg 2021 ¦ 15.09.2021

      ŠKODA Tour de Luxembourg 2021 ¦ 15.09.2021

      Passage duerch d'Gemeng Biekerech Den nächste Mëttwoch, 15. September 2021, fiert de ŠKODA Tour de Luxembourg an der 2. Etapp duerch eis Gemeng. Horaire: tëscht 11h16 an 11h31 Uertschaften: Schweech - Ielwen - Näerden - Hitten - Biekerech - Uewerpallen Déi betraffe...

      lire plus