Clubs et associations

Clubs & Associations

Adresse 9, Arelerstrooss | L-8539 Huttange

Site: www.aidephilippines.lu

Téléphone
+352 621 16 32 08

Activité Aide humanitaire

Président de l'association: Olivier Conrardy

Informations: D'Katastroph op de Philippinen duerch de Supertaifun Haiyan huet mech derzou bewegt, fir eng Hëllefsaktioun an d'Liewen ze ruffen. Mat eisen Aktiounen a Spenden finanzéiere Iesswueren, medizinescht Material a soss nach dringend noutwennëg Saachen. Ausserdem bauen a renovéiere mir Haiser déi beim Stuerm zerstéiert goufen.

Aide Philippines

478 Jongen a Meedercher vun de Joergäng 1920-1927 si wärend dem 2ten Weltkrich an eisen 3 Gemenge Biekerech-Ell-Réiden vun de Nazien erfaasst ginn, an e groussen Deel gouf agezunn. 39 vun hinnen hunn dëst mat hirem Liewe bezuele mussen, a leien haut a friemer Äerd begruewen.

Fir dass dat, wat si hu mussen erleiden, ni géif vergiess ginn, haten déi Zwangsrekrutéiert aus eise Gemengen déi den Inferno iwwerlieft haten sech zesummegedoen an der < Amicale des Enrôlés de Force 1940-45, Victimes du Nazisme – sectioun Beckerich-Ell-Réiden >, enger asbl déi de 25 Abrëll 1966 ënner der Nummer 127 zu Réiden enregistréiert gouf.

Des Amicale huet iwwer Joren, mat eemolegen Zwangsrekrutéierten aus den 3 Gemengen, am Sënn vun der Erënnerung geschafft a sech agesat widder d’Vergiessen. Haut hunn d'Nofollger vun hinnen hire Fändel iwwerholl a schaffe virun am Sënn vun der Erënnerung fir dass dat wat deemools war ni a Vergiessenheet soll geroden.An dësem Sënn hu mer an den dräi Gemengen aus eiser Amicale eng Zwangsrekrutéierteplaz geschafe mat engem Monument an Tafele mat de Nimm vun diene Jongen a Meedercher déi an de jeeweilege Gemenge vun de Nazien agezu gi waren an hir Jugendzäit geklaut kruten.

Dës Plaze goufe geschaf fir un all déi aus eise Gemengen ze erënneren déi am Zweete Weltkrich zwangsrekrutéiert goufen, wärend dësem schrecklechen a fuerchtbare Krich deen iwwer 55,3 Millioune Leit d‘Liewe kascht hat a ganz vill Misär, Leed an Trauer iwwer Lëtzebuerg an d’ganz Welt bruecht hat. D’Lëtzebuerger Land gouf vum däitschen Okkupant hannerhälteg iwwerfall, seng Bierger gepisakt a seng Jugend an eng verhaassten Uniform gestach, fir si dann an e Krich ze schécken, deen hiren nitt war!

Mir vun der Amicale des Enrôlés de Force setzen eis an „Widder d’Vergiessen“, fir dass dat wat deemools geschitt war, nitt vergiess gëtt a sech ni widderhuele soll. Et gëtt kee Fridden ouni Erënnerung, et gëtt keng Zukunft ouni Erënnerung!

Präsident :

Edy Graf
11, Kinnewee
L-8606 Bettborn
Tel. 621 270205
Email: edouard.graf@gmail.com

Sekretärin:

Josephine Schuh-Neu
36, Kneppchen
L-8538 Hovelange
Tel: 661 411 951
Email: joffischuh@hotmail.com

http://www.ons-jongen-a-meedercher.lu/

Enrôlés de Force

 2 Jos Seyler Strooss | L-8522 Beckerich

Adresse 54, am Kiem
Code postal
8538
Localité
Hovelange
Téléphone
23630474

Adresse 12, Kierchewee
Code postal
8552
Localité
Oberpallen

Adresse 6, Giischerwee
Code postal
8552
Localité
Oberpallen

Adresse 36, Kräizerbucherstrooss
Code postal
L-8562
Localité
SCHWEICH
Téléphone
00352 621733916
Website
www.lesenfantsdumondeasbl.com
Informations

NOTRE MISSION
► Oeuvrer pour le bien-être, l'épanouissement, la formation, l'insertion professionnelle et l'inclusion sociale de l'orphelin & autres enfants vulnérables
► Veiller à la bonne gérance et bonne gouvernance des biens matériels et immatériels reçus afin qu'ils soient réellement destinés aux orphelins & autres enfants vulnérables.
► Sensibiliser la société civile sur les thématiques liées aux orphelins, en particulier dans les pays où l'état social est inexistant ou presque.
► Lutter contre la maltraitance, les abus et violences de tout type sur les orphelins & autres enfants vulnérables.
Mail: Lesenfantsdumondeasbl@gmail.com
Membre Fondatrice: Fanny Ngan

2, Millewee | L-8551 Noerdange

Site: https://www.luxvets.lu/

Adresse 22, Pallenerwee
Code postal
8543
Localité
Levelange

Adresse 42, Schweecherdaulerstrooss
Code postal
8551
Localité
Noerdange

Info:

Mir sinn e Veräin deen 2006 gegrënnt ginn ass an dee sech fir historesch Gefierer wei Trakteren, Autoën oder Motorrieder mee och fir al Maschinnen interesséiert an engagéiert.

Mir organiséieren alljärlech Manifestatiounen wei d'Buergbrennen an d'Kiermesfest mat 50 Kubbik- an Trakterstreffen zu Biekerech.

Um Autojumble fann Dir och all Joër e Stand vun eis.

D'Oldtimerfrënn Biekerech a.s.b.l. huet d'Nofolleg vun den Trakterfrënn Biekerech ugetrueden dei hierersäits ënnert anerem den Traktour vun 1991 bis 2001 organiséiert hunn.

Kontakt fann Dir op eiser Internetsäit www.oldtimerfrenn.lu.

oldtimerfrenn