
Escape Game@d’Millen – édition de Carnaval
Wärend der Fuesvakanz gëtt d’Millen zu Biekerech nees an e grousst Familljen-Escape Game ëmgewandelt, an deem Puzzelen, Rätselen an aner Logikproblemer sech zesummefannen ! Kommt probéiert äert Gléck a setzt ären Numm op déi grouss Lëscht fir ze kucken ob dir déi Ekipp sidd di de Wee eraus fannen..
Zäiten : 09h00, 11h00, 13h00, 15h00 an 17h00
Sprooch : déi kënnt dir auswielen wann dir Iech umellt !
6 Persounen max pro Ekipp !
Umeldungen gi iwwert Email op info@dmillen.lu ugeholl oder iwwer Telefon um +352/691 510 370/371
Präiss: 10€ fir Erwuessener – 5€ fir Kanner
