
Nuit du sport
D’Gemeng Biekerech an d’Entente vun de Veräiner invitéieren Iech den 13. Mee vu 16h00 bis 21h00 bei d’Sportshal op d’Nuit du Sport.
D’Nuit du Sport ass en Event fir Grouss a Kleng ënnert dem Motto ,,Gesond iessen, Méi bewegen’’ (GIMB). An Zesummenaarbecht mat de Clibb an Associatiounen aus eiser Gemeng proposéiere mir Iech verschidde Sportaarten déi dir ausprobéiere kënnt, wéi Judo – Aïkido, Zumba, Dëschtennis, a villes méi.
Nieft eise Sportveräiner fannt Dir awer och aner Clibb, déi Iech gären Informatiounen zu hire Veräiner ginn.
Mir freeën eis op Iech!
