Workshop “Energie an der Gemeng Biekerech – wou sti mer a wou wëlle mer hin”

Organiséiert vun der Gemeng Biekerech an der Ëmwelt- a Klimakommissioun am Kader vum Klimapakt 2.0

Am Sachbestandsbericht vum Weltklimarot vum August dësem Jores gëtt beschriwwen, datt de Klimawandel sech méi schnell entwéckelt, wéi virausgesot.
Als Klimapakt- a Klimabündnisgemeng si mer eis eiser Verantwortung bewosst an ënnerhuelen schonn säit ville Joren Moossnamen fir d’CO2-Emissiounen lokal ze reduzéieren. An dësem Workshop wëlle mer iech weisen, wat mir als Gemeng fir de Klimaschutz maachen. Virun allem wëlle mer awer mat Iech zesumme kucken, wéi mir an Zukunft nach méi Klimaschutz an eiser Gemeng erreeche kënnen. Mir freeën eis op Är Iddien!

Umellung bis den 20. Oktober op info@beckerich.lu oder per Telefon um 23 62 21-1 zu den gewinnten Ëffnungszäiten vun der Gemeng.

Receptioun offréiert vun der Gemeng Biekerech um Uschloss vum Workshop.

Dëse Workshop fënnt ënnert dem Regime vum COVID-Check statt.

Date

25 octobre 2021
Expiré!

Heure

20:00

Lieu

Millen Beckerich
103, Huewelerstrooss L-8523 Beckerich

Organisateur

Commune de Beckerich
Téléphone
+3522362211
Email
info@beckerich.lu
Site Web
http://www.beckerich.lu
QR Code
Aller au contenu principal