FRÄIWËLLEG POMPJEEËN

De « Service d’incendie et de sauvetage de la commune de Beckerich », wéi en haut besteet, goung aus dem Zesummeschloss vun de Pompjeescorpsen aus dem Schweecherdaul, vu Näerden a vu Biekerech ervir.

Nodeems déi eenzel Corpsen scho säit geraumer Zäit gemeinsam Übungen organiséiert hunn, déi et de Leit erlaabt hunn, sech besser kennen ze léieren, gouf déi definitiv Fusioun den 13. Februar 2004 an enger ausseruerdentlecher Generalversammlung décidéiert. Enn 2004 ass de leschte Pompjee an de « neie » Service transferéiert ginn, an d’Gemeng Biekerech hat soumat just nach een eenzege, grousse Pompjeescorps: d’Pompjeeë Gemeng Biekerech !

E Problem ass awer bestoe bliwwen: d’Asazgefierer waren nach ëmmer op dräi verschidde Gebaier verdeelt an et huet och vir an hannen u Plaatz gefeelt. D’Gemengeresponsabel haten (aus verständleche Grënn) d’Konstruktioun vun engem gemeinsame neie Pompjeesbau un d’Fusioun vun den 3 Corpsen geknäppt; déi Konditioun war jo soumat erfëllt, sou dass am Fréijoer 2007 op der Hueweler Halt mam Bau vun engem « Doheem » fir de neie Pompjeescorps ugefange konnt ginn, wat am Juni 2009 feierlech ageweit gouf.

Fir am Liewe weider ze kommen, muss een awer och mol iwwert säin Tellerrand erauskucken. Dat gëllt natierlech och fir d’Pompjeeswiesen, a soumat gouf décidéiert, d’Zesummenaarbecht mat de Pompjeeskollegen aus de Gemenge Réiden an Ell ze renforcéieren: säit 2010 treffe Vertrieder vun den 3 Pompjeescorpse sech regelméisseg fir iwwer d’Organiséiere vu verschiddenen Aktivitéiten, wéi zum Beispill Gemeinschaftsübungen oder Visitë vu Betriber an den eenzelne Gemengen ze diskutéieren.

Dat klappt nawell ganz gudd, a mir si fest dovun iwwerzeegt, datt déi Kooperatioun och méi Sécherheet fir d’Awunner vun den 3 Gemenge bedeit.

Eis Aktivitéite beschränke sech nit eleng op Brandasätz, mee begräifen och sougenannt «technesch Hellëfsleeschtungen», wéi z.B. Asätz wéinst Héichwaasser, Stuermschied oder Accidenter. Fir eis Memberen dorop virzebereeden, hale mir regelméisseg Übungen of a schécke si och a Coursen op kantonalem Niveau, respektiv an d’Pompjeesschoul.

Sollt also eventuell deen Een oder Anere vun Iech interesséiert sinn, fir bei eis matzemaachen, dann zéckt nit fir eis ze kontaktéieren. Vun 8 Joer u kann een an eis Jungendpompjeeën antrieden, ab 16 däerf een da bei déi « grouss Pompjeeën » an ab 65 gehéiert een zu eise Veteranen, awer dofir nach laang nit zum alen Eisen.

Prendre contact

Chef de centre

WILTZIUS Steve
23 62 21 612
stwiltz@pt.lu

Chef de centre-adjoint

RUPPERT Bernard
pompjeeen@beckerich.lu

Dernière modification le 08.07.2020
Aller au contenu principal